Formel 1: Grousse Präis vu Monaco

Formel 1: Grousse Präis vu Monaco

Beskrivelse

#MonacoGP

D’Formel 1 kënnt op Monte Carlo! Dës Traditiounscourse wëllt jiddwer Pilot op d’mannst eng Kéier a senger Karriär gewannen. Dovunner dreemt natierlech och de Lokalmatador Charles Leclerc. De Ferrari-Pilot huet nämlech mat sengem Heem-Grand-Prix nach eng Rechnung op: hie stoung hei mol nach ni um Podium! Mä och de Sergio Pérez (Red Bull) hofft, säin Erfolleg vum leschte Joer ze widderhuelen. An och de Fernando Alonso ass iwwerzeegt, dass hien an der Principautéit gutt Kaarten huet, fir fir déi alleréischten Aston-Martin-Victoire ze suergen. Wien däerf dëst Joer bei de Prince Albert II an d’Loge? Suivéiert de FORMULA 1 GRAND PRIX DE MONACO 2023 live op RTL Lëtzebuerg.


Tv-oversigt

Kanal Tid Titel

Ingen resultater fundet.

Facebook

Twitter

TV Kanal

Den 2. RTL

Den 2. RTL
Luxembourg

Den 2. RTL ass e lëtzebuergesche privaten Televisiounssender. En ass no RTL Télé Lëtzebuerg den zweete Programm vun der RTL Group zu Lëtzebuerg.